Programm

Darstellende Künste / Andere

D’Faarwemonster

Kammerata Luxembourg

Déi rout Faarf vermëscht sech mat der gieler, dat Blot geet an dat Gréngt iwwer. Schwaarz Faarwewolleken tierme sech op an danze mam rosaen Niwwel. D’Faarwemonster ass doruechter. Seng Faarwe si komplett duercherneegeroden! Dat mécht et rosen! Nee, traureg… Oder fäertereg? Seng Frëndin, d’Esmeralda, wëll him beim Sortéieren hëllefen… Wéi fillen ech mech? Wéi kann ech meng Gefiller ausdrécken? Fräi nom Buch vum Anna Llenas hunn d’Jenny Spielmann an d’Catherine Hengesch eng Klang-Erzielung inzenéiert, déi de Kanner spilleresch a musikalesch d’Welt vun den Emotioune méi no bréngt. Dobäi hëllefen de Kanner net nëmmen déi verschidde Faarwen, hir Gefiller ze verstoen an ze identifizéieren. Mee si entdecken och mat Hëllef vun der Musek (ënner anerem mat Stécker vum Pharell Williams, Antonio Vivaldi oder Edvard Grieg), wéi ënnerschiddlech Kläng a Melodië bei eis verschidde Stëmmungen ausléisen an datt all Gefill seng Plaz verdéngt huet.


Generique :


Jenny Spielmann, Catherine Hengesch, Konzeptioun a Spill. Frin Wolter, Akkordeon. Nathalie Ludwig, Klarinett. Unna Nousiainen, Braatsch. Anik Schwall, Cello. Claude Kraus, Musikalesch Arrangementer.

Kontakt

Nom : CAPE - Centre des Arts Pluriels Ettelbruck

Numéro de téléphone : 2681 2681

Adresse email :mail@cape.lu

Termine
12 January 2025
De 14:30 à 14:30
Zum Kalender hinzufügen

12 January 2025
De 16:00 à 16:00
Zum Kalender hinzufügen

Ort
CAPE - Centre des Arts Pluriels Ettelbruck
Place Marie-Adélaïde
L-9063 Ettelbrück ettelbruck
voir sur google maps

E-Mail : billetterie@cape.lu

Numéro de téléphone : 0035226812681



Das könnte Sie auch interessieren