jonke Publik ab 7-11 Joer
P'tit brunch du théâtre - 05/01 à 12h00 - Réservation par mail : reservation.theatre@villeesch.lu
Atelier parent-enfant - 05/01 à 13h00
A Menina do Mar ass dat éischt Kannerbuch, dat déi bekannt portugisesch Schrëftstellerin Sophia de Mello Breyner Andresen 1958 geschriwwen huet. Dëst Märchen erzielt vun enger aussergewéinlecher Frëndschaft tëscht engem Jong, deen um Land wunnt, an engem Meedchen, dat am Mier lieft. De Virwëtz vun deenen zwee Kanner erméiglecht et hinnen, trotz hirer Verschiddenheet, deem aneren seng Welt kennen an acceptéieren ze léieren. D’Meedche léiert wat et heescht, eppes ze begieren, a wat Frëndschaft a Freed ass; de Jong ass averstanen, seng Welt opzeginn a mam Meedchen um Mieresbuedem ze liewen.
Produktioun - Escher Theater
Koproduktioun - La Compagnie du Grand Boube ; CAPE – Centre des Arts Pluriels Ettelbruck
Fräi aus dem Kannerbuch adaptéiert - La petite fille de la mer de Sophia de Mello Breyner Andresen, éd. de la Différence, 1994
Adaptatioun an Inszenéierung - Rita Bento dos Reis
.Assistentin bei der Inszenéierung - Claire Wagner
Kënschtleresch Zesummenaarbecht - Isabel Bento dos Reis
Scenographie a Kostümer - Peggy Wurth
.Sound Kreatioun a Video Redaktioun - Marguerite Le Bourgeois
Video Animatioun - Lemur Stop Motion Studio du Lycée Ermesinde
Mam Pitt Simon, Magaly Teixeira
Tarif normal 12
Tarif - de 26 ans et étudiant·e 6
Tarif - de 12 ans 3