jonke Publikum 4-8 Joer
.P'tit brunch du théâtre 23/03 à 12h00 - Réservation par mail : reservation.theatre@villeesch.lu
Atelier parent-enfant 23/03 à 13h00
D’Kënschtler*innen vum Traffik Theater erziele mat Zeechnungen, Objeten a Live-Musek eent vun de bekanntste Märercher vum Hans Christian Andersen, a froen sech awer och, ob wierklech nëmmen eng richteg Prinzessin et fäerdeg bréngt, duerch 20 Plommepillemen a Matrassen eng kleng Ierbes ze spieren.
Wat wier, wann e Prënz den Ierbessentest misst maachen? Oder Jenny a Menni? A firwat muss engem Prënz seng Fra sou sensibel sinn? Wat wier, wann se just zëmperlech a kriddeleg wier? Wat géif geschéien, wann se nom Ierbessentest keng Loscht hätt, de Prënz ze bestueden? Et kann een sech vill Froe stellen, wann een hautzedaags dem Andersen säi Märche liest, an dat maachen den Dan Tanson, de Michel Boulanger an d’Eleonora Savini mat vill Humor.
Produktioun - Escher Theater
Koproduktioun - Prabbeli Wiltz
Stéckentwécklung - Michel Boulanger, Eleonora Savini, Dan Tanson
Museksdramaturgie a Kompositiounen - Michel Boulanger, Eleonora Savini
Kompositiounassistenz - Eleonora Savini
Objetdesign, Illustratiounen an Animatiounen - Dan Tanson
Bewegungscoach - Adèle Bourret
.Kostümer - Anne-Marie Herckes
Luuchten - Bert Marijsse
Bléck vu Baussen - Linda Bonvini
Berodung - Sandy Artuso
Konstruktioun - Dirk Fuchs, Laurent Kohn
Requisite - Carine Rando de Felice
Mat Michel Boulanger (Cello, Piano), Eleonora Savini (Gei, Piano, Gesank), Dan Tanson (Zeechnungen an Erzielkonscht)
Tarif normal 12
Tarif - de 26 ans et étudiant·e 6
Tarif - de 12 ans 3