Programme

Littérature

"LTZBG" Buchvirstellung

Samuel Hamen

D’Kulturfabrik an Editions Guy Binsfeld invitéieren iech de 29. Abrëll 2025 um 20 auer op e Liesowend am Kader vum Samuel Hamen sengem neie Wierk 'LTZBG'.



Fir dës Occasioun liest d’Schauspillerin Larisa Faber Extraiten aus dem Buch, dat sech aus dräi Monologen zesummesetzt. D’Liesung gëtt be- gleet vun enger Diskussioun tëscht dem Samuel Hamen an der Larisa Faber. Si schwätzen iwwer d’Geschichten aus LTZBG, iwwer Roserei als literaresch Inspiratioun an iwwer den Theater als Bün vum Liewen.



No Lecture a Gespréich sinn d’Spectateuren op eng geselleg Renconter mat den Artiste bei engem Patt invitéiert, an et bitt sech fir d’éischte Kéier d’Geleeënheet, LTZBG bei den éditions Guy Binsfeld ze kafen.






Et brauch net vill am Liewen, fir sech am Eck erëmzefannen, an enger Sakgaass, aus där ee sou bal net erauskënnt. A sengem neie Buch LTZBG portraitéiert de Samuel Hamen dräi Mënschen, déi aus hirem Train-train zu Lëtzebuerg erausfalen ...



E jonkt Elterendeel, dat sech mam Kand am Porte-Bëbee an engem Hollerecher Virgäertche verstoppt an den Terror vum Stater Lifestyle kenne léiert,.

From ECHO.lu

e Pensionaire, dee spiert, wéi hien aus der Zäit fält, an dee mat dem Courage vun de Verzweifelten eng Industriezon stiermt,



eng jonk Entreprenesch, déi wéinst engem Schluet an hirem Foodtruck feststécht an déi am Damp vum Kniddelswaasser brutal Wouerechte liest.



D’Eskalatioun kann eis iwwerall erreechen, an dann ass d’Zäit komm, sech Froen ze stellen, iwwer e Land, dat een net versteet, iwwer dat eegent Liewen, dat een nach vill manner versteet. Dräi Monologen, dräi Stëmmen, dräi Blécker op d’Gesellschaft – poetesch, impertinent a präzis an der Diagnos, datt et zu Lëtzebuerg méi ze verléiere wéi ze gewanne gëtt.

Dates
29 April 2025
De 20:00 à 20:00
ajouter à mon calendrier

Lieu
Centre Culturel Kulturfabrik Esch
rue de Luxembourg
L-4221 Esch-sur-Alzette esch_sur_alzette
voir sur google maps

E-mail : mail@kulturfabrik.lu

Numéro de téléphone : 0035255 44 93-1

Site web : http://www.kulturfabrik.lu



Cela peut vous intéresser

Ce site utilise des cookies pour améliorer votre expérience en ligne et améliorer nos services. En poursuivant votre navigation, vous donnez votre consentement implicite pour l’utilisation de cookies. Consultez notre politique de cookies pour plus d’infos et pour paramétrer les cookies.

J'acceptePersonnaliser