Programm

Theater

D'Prinzessin op der Ierbes

Traffik Theater, Lëtzebuerg (LU)

Alter: 4-8 Jahre

Dauer: 45'


Schulvorstellungen:

Montag, 14.10.2024: 9h00 + 10h30

Dienstag, 15.10.2024: 9h00 + 10h30

Mittwoch, 16.10.2024: 9h00 + 10h30

Reservierungen: 26 34 73 1 / info@khn.lu



Das Traffik Theater Luxemburg wurde 2003 von Michel Boulanger und Dan Tanson gegründet. Ziel ist es, anspruchsvolle Musiktheaterstücke für ein junges Publikum zu schaffen, indem sie Live-Musik, Schauspiel und modernes Figurentheater miteinander verbinden.



Et muss awer eng richteg Prinzessin sinn! Et war eemol e Prënz, deen onbedéngt eng Prinzessin wollt bestueden.

Et huet awer eng richteg misse sinn.

De Prënz ass duerch d’ganz Welt gereest, fir eng ze fannen. Mee ëmmer war eppes verkéiert...

D’Kënschtler*innen vum Traffik Theater erziele mat Zeechnungen, Objeten a Live-Musek eent vun de bekanntste Märercher vum Hans Christian Andersen, a froen sech awer och, ob wierklech nëmmen eng richteg Prinzessin et fäerdeg bréngt, duerch 20 Plommepillemen a Matrassen eng kleng Ierbes ze spieren.

Wat wier, wann e Prënz den Ierbessentest misst maachen? Oder Jenny a Menni? A firwat muss engem Prënz seng Fra sou sensibel sinn? Wat wier, wann se just zëmperlech a kriddeleg wier? Wat géif geschéien, wann se nom Ierbessentest keng Loscht hätt, de Prënz ze bestueden?

Et kann een sech vill Froe stellen, wann een hautzedaags dem Andersen säi Märche liest, an dat maachen den Dan Tanson, de Michel Boulanger an d’Eleonora Savini mat vill Humor.



Spill: Michel Boulanger (Cello, Piano), Eleonora Savini (Gei, Piano, Gesank), Dan Tanson (Zeechnungen an Erzielung)

Stéckentwécklung: Michel Boulanger, Eleonora Savini, Dan Tanson 

Museksdramaturgie & Kompositiounen: Michel Boulanger, Eleonora Savini Objets,

Illustratiounen + Bühneneffekter: Dan Tanson 

Bléck vu Baussen: Linda Bonvini

Kostümer: Anne-Marie Herckes

Beroodung: Sandy Artuso 

Technesch Assistenz: Carine Ceglarski

Konstruktioun & Schräineraarbeschten: Escher Theater (Dirk Fuchs, Laurent Kohn)

Produktioun: Escher Theater 

Koproduktioun: Prabbeli Wiltz

Termine
13 October 2024
De 15:00 à 15:45
Zum Kalender hinzufügen

Ort
Kulturhaus Niederanven
Route de Trèves
L-6940 Niederanven niederanven
voir sur google maps

E-Mail : info@khn.lu

Site web : http://www.khn.lu



Das könnte Sie auch interessieren