Programm

Songtexte zeigen / Literatur

Flashback

Roll Gelhausen

Alter: 14+

.



Mir hunn eng nei Regierung!

Nei Biesem kiere besser, soen se.

Eis Stad muss nees propper ginn.

From ECHO.lu

Mä och déi nei Biesem bleiwe lénks a riets hänken. Un den Trottoiren a Bordure vun de logeschen Iwwerleeungen an de juristeschen Interpretatiounen.

Fir de Rescht gëtt et awer och vläicht nach e puer wichteg Themen.

D’Fro stellt sech z.B.: Wéi eng Rekorder knacke mer 2024.

Beim Overshot Day hu mer eis scho mol verschlechtert. Amplaz de 14. Februar 2023 hu mer dëst Joer eréischt den 20. Februar sämtlech Ressourcë vun eiser Äerd verbraucht.

A neen, ... dat ass jo eng Verbesserung. Awer natierlech keng fir sech op d’Schëlleren ze klappen. Do ass éischter nees Eng an d’Akaul verdéngt.

Da kucke mer lo mol ob mer den Hëtzerekord uechter d’Welt ob iwwer 60 Grad gehuewen an d’Unzuel vun den Iwwerschwemmungen nach e bëssche gesteigert kréien.

Ech sinn awer och gespaant wou mer déi 2 Millioune Leit placéieren déi mer deemnächst brauche fir eis Pensiounen ze bezuelen.

An et ass och nees e Waljoer!

Dat gëtt richteg spannend ... dat Joer 2024


Mit: Roll Gelhausen 

Termine
10 January 2025
De 19:30 à 16:30
Zum Kalender hinzufügen

12 January 2025
De 17:00 à 17:00
Zum Kalender hinzufügen

Ort
Kulturhaus Niederanven
Route de Trèves
L-6940 Niederanven niederanven
voir sur google maps

E-Mail : info@khn.lu

Site web : http://www.khn.lu



Das könnte Sie auch interessieren