Programm

arts-scene-cabaret

Mämmories!

Michèle Turpel

Alter:

Durée:


No Croque Mëssiö (2009) an Autopsy (2019) presentéiert d'Michèle Turpel, alias Mi Tu, (net ze verwiessele mat Me Too) 2024 säin 3. Soloprogramm Mämmories, geschriwwen an inzenéiert vum Jemp Schuster. D'Musek fir dës Show huet d'Claire Parsons komponéiert. D'Affiche kënnt aus der Fieder vum Meluma.

Wat gëtt een net alles gewuer, wann eng Fra, déi op alle grousse Büne vun der Welt performt huet, dat behaapt se emol, hir Schminkkëscht opmécht an ufänkt ze poteren. Am Scheinwerferliicht glënnert a blénkt alles, mee hannert de Kulisse gesinn och déi gréisste Staren a Stärecher blatzeg aus.

Firwat gëtt eng Artistin zu New York, London, Berlin oder Paräis zur Diva an heiheem kennt keen se? Kann een net och zu Lëtzebuerg weltberüümt ginn? Mir ginn de Risiko an. Mämmories ass Showbiz am Stil vum magesche Realismus.

​​​​​​​​​Jemp Schuster

​​​​​​​​​2024


Mam: Michèle Turpel

Text a Regie: Jemp Schuster

Musek: Claire Parsons

Affiche: Meluma


Termine
22 November 2024
De 19:30 à 19:30
Zum Kalender hinzufügen

Ort
Kulturhaus Niederanven
Route de Trèves
L-6940 Niederanven niederanven
voir sur google maps

E-Mail : info@khn.lu

Site web : http://www.khn.lu



Das könnte Sie auch interessieren