Programm

concerts-blues / concerts-jazz / concerts-rock

Raufaser

The Horse Blinders

No ...an nach ee schéinen Dag vun 2022 hu The Horse Blinders nees zougeschloen! Raufaser heescht hiert neit Wierk, dat si zu Ettelbréck am CAPE virstellen. Ass et fir ee Stéck säftege Blues, e schaarfe Rock'n'Roll, eng gutt ofgehaange Ballad oder och ee frëschen a liichte Maufel Popmusek? D’Horse Blinders hunn dat alles am Programm, an nach vill méi! Wëllt dir zwou Stonnen duerchdanzen an iech gutt ameséieren? Näischt méi einfach wéi dat! Wëllt dir iech interessant an onerwaart Arrangementer schmaache loossen? Bei den Horse Blinders sidd der richteg! Wëllt dir lëtzebuergesch Texter mat enger gudder Portioun Witz, vill Humor an enger ganzer Rëtsch Wouerechten aus der spatzer Fieder vum Roland Meyer genéissen? Da kommt onbedéngt bei The Horse Blinders a loosst iech zerwéieren. The Horse Blinders kache beileiwe keng Waasserzëppchen, mee ee perfekten 3-Stäre-Menu, dee keng Wënsch opléisst, mat Hits wéi Hierken oder Mettwurscht, D’Buurschter Plage, Iwwert d’Huttschnouer a Komm sich däi Krëppeng. An all déi, déi es net genuch kréien, kënnen deen neien CD Raufaser am Doggybag mat heem huelen!






Mitwirkung :


Roger Melcher : Gesank, Harmonika

Roland Meyer : Gittar, Gesank

Jake Bock : Batterie

Ronald Mullenders : Bassgei, Gesank

Mulles Scholtes : Gittar

Kontakt

Nom : CAPE - Centre des Arts Pluriels Ettelbruck

Numéro de téléphone : 2681 2681

Adresse email :mail@cape.lu

Termine
21 March 2025
De 19:00 à 20:45
Zum Kalender hinzufügen

Ort
CAPE - Centre des Arts Pluriels Ettelbruck
Place Marie-Adélaïde
L-9063 Ettelbrück ettelbruck
voir sur google maps

E-Mail : billetterie@cape.lu

Numéro de téléphone : 0035226812681



Das könnte Sie auch interessieren