Stëll Schnéinuecht féiert an eng aussergewéinlech Chrëschtnuecht. An där kontrastéieren Elengsinn a Keelt mat Magie, Dram, Frëndschaft an Zefriddenheet, fir herno zesummen ënner engem Hutt ze landen. En aussergewéinlecht musikalescht Erzielspill fir Grouss a Kleng ab 8 Joer.
D’Josée Bourg bezeechent sech als Nomadin, stänneg a Bewegung, fir net an der Keelt vun der Indifferenz ze erfréieren. An deem Sënn ass si an ënnerschiddleche (Be)-Räicher ënnerwee: Performance, Zeechnung, Molerei, Installatioun, Skulptur, Text, Editioun, Theater, Geschichten, Erzielung, Radio-Journalismus, Hörspill, Kannergäertnerei...
De Frin Wolter ass professionellen Akkordeonist, aktiv a verschiddenste Gebidder: als Solist, bei Erzielungen, Theater, Kammermusek, bis Symphonieorchester a villes méi. Nei an aussergewéinlech Erausfuerderungen sinn him ee Magnéit. Vill Joren huet hien a Finnland gelieft, net wäit ewech vum Nordpol. Seng Erfahrunge mat Schnéinuechten sinn hei net ewechzedenken.
--
Besetzung
Text:
.Josée Bourg
Musek:
Frin Wolter
Programm
Text:
• Robert Sontheimer: Weihnachtszeit
• Josée Bourg: Stëll Schnéinuecht
Musek, ë.a.:
• Johann Sebastien Bach: Suite française, Gavotte en sol majeur
• Maurice Ravel: Le Tombeau de Couperin - Prélude
• Frin Wolter, arr: Stille Nacht, Leise rieselt der Schnee, Il est né le divin enfant, An der Grousser Helljer Nuecht
E-Mail : info@mierschertheater.lu
Site web : https://mierschertheater.lu/