Programme

Theatre

D’Julie an den Aprikosejong (Cosimo Suglia)

D’Julie an den Aprikosejong

Cosimo Suglia


en langue luxembourgeoise

 

avec Mady Durrer, Luc Lamesch et Magaly Teixeira

mise en scène - Daliah Kentges

scénographie et costumes - Anouk Schiltz

musique - Arthur Possing

lumières - Antoine Colla

assistanat - Laetitia Lang

 

coproduction Théâtre du Centaure, Kinneksbond, Centre Culturel Mamer et Kulturhaus Niederanven


LU

D’Julie ass e klengt Meedche mat enger grousser Leidenschaft fir eng ganz bestëmmte Fruucht: séiss, säftteg a samteg Aprikosen. Am Bësch, net wäit ewech vu sengem Doheem, sou heescht et, steet e ganz besonneschen Aprikosebam, dee gréisste vu senger Zort, mat deene beschten a schéinste Friichten, déi jee ee Mënsch gesinn huet. Säi Papp awer huet dem Julie strengstens verbueden, an dëse Bësch ze goen, well, sou erzielen sech d’Duerfbewunner säit Joerhonnerten, der Doud do lauert. Mee well d’Julie gewinnt ass, dat ze kréien, wat et wëll, a well seng onmoosseg Gloscht him keen anere Choix léisst, schläicht hat sech enges Nuets heemlech eraus, fir dës eenzegaarteg Këstlechkeet ze schmaachen. An tatsächlech, déif am Bësch verstoppt, fënnt d’Julie e risege Bam, mat Aprikosen sou grouss wéi Melounen. Hat hat also, sou seet et sech, wéi ëmmer Recht. An et huet dëse Gedanken nach net richteg zu Enn geduecht, wéi et op eemol am Gebësch raschelt an e wonnerbaart klengt Wiesen ervir kënnt, dat dem Julie seng Virstellungskraaft bei wäitem iwwertrëfft...

 

Ausgoend vu senger Kuerzgeschicht „The Little Girl That Knew Better“, (Les Cahiers Luxembourgeois Numéro 3, 2020) entwéckelt de Cosimo Suglia, deen 2021 mam Chrysalis Award, e Präis fir Nowuessschrëftsteller a spekulativer Fiktioun, fir Lëtzebuerg ausgezeechent gouf, zesumme mam Daliah Kentges en Theaterstéck fir Kanner ab 6 Joer.

Dates
25 April 2024
De 18:30 à 18:30
add to my calendar

27 April 2024
De 15:00 à 15:00
add to my calendar

27 April 2024
De 17:00 à 17:00
add to my calendar

28 April 2024
De 15:00 à 15:00
add to my calendar

28 April 2024
De 17:00 à 17:00
add to my calendar

Location
Théâtre du Centaure
Grand-Rue
L-2016 Luxembourg luxembourg
voir sur google maps

Email : centaure@pt.lu

Numéro de téléphone : 00352222828

Site web : http://www.theatrecentaure.lu



You might also be interested in