Programme

Theatre

D'Prinzessin op der Ierbes

Âge: 4-8 ans

Durée: 45'


Représentations scolaires:

Lundi, 14.10.2024: 9h00 + 10h30

Mardi, 15.10.2024: 9h00 + 10h30

Mercredi, 16.10.2024: 9h00 + 10h30

Réservations: 26 34 73 1 / info@khn.lu



Le Traffik Theater Luxembourg a été fondé en 2003 par Michel Boulanger et Dan Tanson. Leur objectif est de créer des pièces de théâtre musical de haute qualité pour un jeune public en combinant musique live, jeu d'acteur et théâtre de marionnettes moderne .



Et muss awer eng richteg Prinzessin sinn! Et war eemol e Prënz, deen onbedéngt eng Prinzessin wollt bestueden.

Et huet awer eng richteg misse sinn.

De Prënz ass duerch d’ganz Welt gereest, fir eng ze fannen. Mee ëmmer war eppes verkéiert...


D’Kënschtler*innen vum Traffik Theater 

erziele mat Zeechnungen, Objeten a Live-Musek eent vun de bekanntste Märercher vum Hans Christian Andersen, a froen sech awer och, ob wierklech nëmmen eng richteg Prinzessin et fäerdeg bréngt, duerch 20 Plommepillemen a Matrassen eng kleng Ierbes ze spieren.

Wat wier, wann e Prënz den Ierbessentest misst maachen? Oder Jenny a Menni?

A firwat muss engem Prënz seng Fra sou sensibel sinn? Wat wier, wann se just zëmperlech a kriddeleg wier? Wat géif geschéien, wann se nom Ierbessentest keng Loscht hätt, de Prënz ze bestueden?

Et kann een sech vill Froe stellen, wann een hautzedaags dem Andersen säi Märche liest, an dat maachen den Dan Tanson, de Michel Boulanger an d’Eleonora Savini mat vill Humor.




Spill: Michel Boulanger (Cello, Piano), Eleonora Savini (Gei, Piano, Gesank), Dan Tanson (Zeechnungen an Erzielung)

Stéckentwécklung: Michel Boulanger, Eleonora Savini, Dan Tanson 

Museksdramaturgie & Kompositiounen: Michel Boulanger, Eleonora Savini Objets,

Illustratiounen + Bühneneffekter: Dan Tanson 

Bléck vu Baussen: Linda Bonvini

Kostümer: Anne-Marie Herckes

Beroodung: Sandy Artuso 

Technesch Assistenz: Carine Ceglarski

Konstruktioun & Schräineraarbeschten: Escher Theater (Dirk Fuchs, Laurent Kohn)

Produktioun: Escher Theater 

Koproduktioun: Prabbeli Wiltz

Dates
13 October 2024
De 15:00 à 15:45
add to my calendar

Location
Kulturhaus Niederanven
Route de Trèves
L-6940 Niederanven niederanven
voir sur google maps

Email : info@khn.lu

Site web : http://www.khn.lu



Reservations and tickets